Dest Guestbook ass zou !
Benotzt demno weg eisen neien Forum op :
www.f1kartracing.lu
Schreiwt iech do an !
Daat geet ënnert den Punkt "S'inscrire".
Wann een nët sollt eenz gin, scheckt eng Email un :
forum@f1kartracing.lu
09.03.2008 22:49, Frank GUBBINI :
Salut alleguerten,
Ech wollt iech nach informéieren dass den nächsten Sonnden (16/3) och d'Präisverdeelung vun der Saison 2007 ass.
An mer wiëlen ebenfalls de Gewënner vum Trophy Fairplay 2007.
bis e Sonnden um 15 Auer
Frank
02.03.2008 12:19, Jung :
Salut alleguerten,
Leider wäert ech dëst Saison 2008 nët méi all Course kënnen matfueren (aus finanziellen Grënn). Allerdings wëll ech Member vum Club bleiwen. Fir d'Memberskaart hun ech nach nët iwwerwisen, mee well ech lescht Joer fir Kerpen iwwerwisen haat, mee leider nët konnt matfuren, hoffen ech datt daat iergendwéi an d'Rei geet...
Ech furen nächste Weekend nët zu StVith mat. Ech war geschter schon 1 Stonn furen, mat Kollegen :-) Mee do hun ech réaliséiert, datt et vill méi flott as, mat iech am Club ze furen. Duerfir hoffen ech ganz staark datt den Club weider existéiert. Mat de Kollegen war et esou, all 3 Tier sin di orange Luuchten ugaangen, d'Karten goufen elektronesch gedrosselt, a schon kanns du déng Beschtzäit vergiessen :-( ... An en plus wäit a breet keen Konkurrent do mat deem ech konnt bessi kämpfen... u sech déck langweileg :o Pole Position haat ech souwisou, fir ze gewannen war et zimlech einfach, hun den 2. einfach mol esou iwerronnt ... (hun awer 50 Tier gebraucht, méng bescht Zäit war 50.72, an d'Streck as genau d'selwecht wéi soss emmer.) Ech muss awer soen, Kart furen mecht trotzdem mega vill Spaass, an ech hoffen datt déi, déi nächste Weekend furen, och sech wäerten gudd amuséieren.
Den 16. März kommen ech och op d'Generalversammlung. Merci am virauser un déi, déi sech déi Zäit och géifen huelen. Bis dohinner wënschen ech iech all nach eppes Schéines.
Bis dann.
Jung
P.S.: an 2 Wochen as zu STVith sou en "Father and Son" Course organiséiert, falls ech richteg gelies hun. Déi intresséiert sin kënne jo nächste WK op der Plaaz selwer nofroen ...
28.02.2008 17:13, Fernand Breden :
Kommt, mir lossen alleguer eisen SPORTSGEESCHT erem mei stark sinn an wengs déser Diskusioun den Klub net ant d'Wasser falen lossen.
Jidfréen muss e beschen Wasser an sein Wein schedden an dann geht dat erem.
mellt iech erem all un vir zu St Vith ze fueren.
Denkt einfach un d'Saison 2007 - dei jo supper war - wou jideren mat jidfrengem gekämft huet - vir eng Platz no fier ze kommen - an mir hunn dofier net brauchen ze schtreiden - et war einfach flott.
Dofir nach eng keier - SPORTSGEESCHT an Amusement ass mei wichtech wei ze Schtreiden.
Biss zu St Vith - och du ALAIN an LONGO an all dei ANER
Fernando B-Lonso
28.02.2008 10:01, Yank :
Salut,
Ech war geschter owend och bei der Versammlung derbei, dei ech ganz konstruktiv an sachlech font hun. Merci un all dei Bedeelegt dofiir !
Ech wollt iech all heimat matdeelen, dass ech bei der nächster Course wärt matfueren an och bei der Versammlung präsent wärt sin.
Ech sinn der Meenung, mier sollten eis op manst dorop alossen, an eben kucken, ob an wei ët weidergeet.
Des Chance sollten mer nët einfach ignoreieren, daat sinn mer eis all schëlleg fannen ech. Mier hun jo als Memberen all genuch Zeit an Energie an deenen Joren an den Club investeiert, dei sollten mer honoreieren.
Ech wier mengerseits frouh, wann en maximum vun Leit sech dei Zeit keinten an geifen huelen fiir op der Versammlung den 16. März kommen.
JP.
28.02.2008 00:03, Frank GUBBINI :
Salut alleguerten,
Den "alen Comité" huet sech haut mam Alain getraff an mer hun mol nees sachlech matteneen geschwat.
Den Alain huet eis proposéiert dass hien géif als Konsequenz vun der Generalversammlung als Präsident demissionéieren.
Mir hun dese Geste vum Alain als éierbar fond, et ass en Zéchen dass him wéinstens eppes um Weiderliewen vum Club läit.
Elo ass et un de Memberen vum Club fir en neien Comité ze wielen, falls sie wöllen dass de Club soll weiderbestohen.
Mir hun eis also dropp geénegt, dass eis 1.Course zu Vith (den 9.März) gefuer gëtt an dass mer den 16.März um 15 Auer eng aussergewéinlech Versammlung am Café Mess aruffen fir ze kucken ob mer en neien Comité zesummen kréien, an wéi et weider matt eisem Club soll gôen.
Ech géif iech also alleguerten biëden den 9. an den 16. März dobei ze sinn, well jüst dir décidéiert elo iwert d'Zukunft vun eisem Club!
bis geschwënn
Frank
27.02.2008 19:23, Raymond :
Salut,
wéi et ausgesait wert et den Club jo net méi lang gin, an dofir verlangen ech mein Geld vun der Course an d' Geld vun der Memberskaart zereck!
dass et souweit komm as wonnert mech net!
et as einfach keen gescheck méi an deem Club gewierst! Memberen gin vergiess an déi aner schloen sech d' Kàpp mat blödsinn an! Daat as keen Club! daat as nemmen nach en Zoustand vun enger Politik déi et guer net get an déi souwisou keen versteet!
ech schléissen mech den EX-MEMBEREN un!
Merci
27.02.2008 18:39, Grashoff.Paul :
Salut
Ech fanne ët just schued das Generalversamlung esou ESCALEIERT as,dofiir deelen ech leider heimat
offiziell mat,dass ech aus dem club austrieden.
Fueren leider keng Course mei mat,a wier och frou
wann ech d'Suen vun der course an vun der
Memberskaart zerëckiwerwissen kreien
Merc, RASI
25.02.2008 19:44, Alain Féguenne :
Um comite, an onseren memberen,
Die situation escaleiert emmer mei,
an weil ech mensch sin vum dialog,
waerde ech eng concret proposition
machen, den de problem waert leisen.
Ech rufen eng reunion extraordinaire fir
Mettwoch 27 februar 19:30 hrs
beim Mario / Strassen
Ech brauch 24 stonnen fier iech dat
schreftlech ze prepareiren.
Wenn die de wonsch hut, so wi ech
am intresse vun onseren memberen,
ze schaffen dan weder mat mier
aferstan sin.
Dat huet mam neien Club ze dinn,
F1 Cart Club Luxembourg.
Concret proposition waerde ech dan
machen.
Alain Feguenne
25.02.2008 15:15, yvo :
Moien alleguerten,
heimadden mellen ech mech och aus dem Club, a wier och frou wann ech d'Suen vun der Memberskaart keint zreckkrei'en